PROPERTIES OF LUXEMBOURG, Ären Immobilien-Family-Office!

Als Grënner vu Properties of Luxembourg sinn ech ganz houfreg, Iech iwwer dëse Site exklusiv an héichwäerteg Proprietéite souwuel zu Lëtzebuerg wéi och am Ausland presentéieren ze kënnen.

Meng iwwer 20 Joer laang Experienz / Erfarung am Immobiliëberäich, an deenen ech ënner anerem HOUSE BROKERS Real Estate a LuxRealInvest mat gegrënnt hunn, huet mir gewisen, dass sech een allgemengt Mësstraue vis-à-vis vun den Agencen hei zu Lëtzebuerg installéiert huet. Dëst an ze ville Fäll leider net ganz ouni Grond!

Mir hunn d’Ambitioun, dëst Vertrauen zesumme mat verschiddenen Acteure vum Marché, déi och an der Offer vun dësem Site present sinn, erëm hierzestellen oder ze verdéiwen! Mir sinn eng nei a kleng Struktur, déi eis erlaabt, Iech ganz perséinlech ze beroden – och bei méi wäit gefächerte Sujeten, déi iwwer de strikten Immobiliendomän eraus ginn. Zum Beispill bidde mir eng Berodung am Beräich Investissement a Fiskalitéit un, wou mir mat deene beschte Conseilleren um Marché zesummeschaffen.

Wann Dir eis Äert Vertraue schenkt an eis mandatéiert, fir Är Proprietéit ze vermaarten, komme mir Iech als Agence mam Präis vun eise Prestatiounen och entgéint. Dëse kënne mir nämlech flexibel an an Ärem Interessi gestalten an dem Wäert vun der Proprietéit upassen. Als Verkeefer hutt Dir e Recht op eng neutral a professionell Aschätzung vun Ärer Proprietéit, déi et erlaabt, dës rapid an effikass ze vermaarten, an dat zum beschtméiglechen Netto-Präis!

Mir respektéieren d’Ethik-Charta vun der Chambre Immobilière. Et wier mir eng Freed, Iech kennenzeléieren an Iech dierfen ze beroden.

Bis geschwënn,

""