Renovéierten Luxus-Duplex an der Stad Lëtzebuerg

Locatioun, Lëtzebuerg

4000 €

  • Uewerfläch:
    173 m²
  • Schlofkummer:
    2
  • Buedzëmmer:
    2
  • Garage:
    1

PROPERTIES OF LUXEMBOURG présentéiert:

Aussergewéinlecht, rénovéiert, high-end Duplex-Appartement an perfekter Laag direkt am Agang zum Zentrum vun der Stad Lëtzebeurg.

Des exzeptionnell Propriétéit, déi sech iwwert 2 Staeck erstreckt, bestëcht duerch seng eemooleg Qualitéit suwuel vun den ausgewielten Materialien wéi och Equipementer.

D’Entrée zum Appartement befënnt sech um éischten Stack.

Den Agangsberäich gëtt no riets direkt op een Raum deen ideal als Büro ze gebrauchen ass. Et befannen sech an Agangsberäich och eng den Zougang zu Wäschmaschinn an Dryer, eng Gäschten-Toilet souwéi een separaten Raum mat integréierten Schief fiir ze raumen an Mäntel ophänken. Fiirdrunn erstreckt sech dann och schon den groussen Wunnberäich an L-Form mat, op der enger Säit, den Living mat sengen héigwärtegen sur-mesure Schief, noblen Parquet-Buedem souwéi home-cinema an no lenks den Iessberäich mat engen groussen sur-mesure Desch aus Wengé-Holz an mat sengen Designer Still. Den Iessberäich huet Accès op een Balcon no hannen mat Vue op den Val-des-Bons-Malades an Kiirchbierg. Eng voll équipéiert open Kichen mat Bar diirf natiirlech heibäi net feelen!

An der Mëtt vum Living geet eng Trap an béton-vue an den ënneschten Beräich vum Appartement. Hei fannt Diir niirft enger Schloofzëmmer mat eegener salle-de-douche an sur-mesure Kleederschaaf fiirun Allem déi exzeptionnel an voll miwwléiert suite parentale mat integréierter TV, Dressing, engem eegenem kompletten Wellness Beräich ( Massagendësch, 2 Lavabos, Douche an Sauna) souwéi direkten Accès op een Balcon no hannen.

D’Wunneng ass 2004 duerch d’Zesummensetzen vun 2 Wunnengen komplett nei konzipéiert ginn an ass elo 2022 nach eng Kéier komplett renovéiert ginn. SONOS System fiir d’ganzt Appartement. Klimanalaag. Klassesch- an Buedemheizung. Dueblen Vitrage. + Garagen Stellplaaz mat Méiglechkeet op Locatioun vun enger 2. Plaaz. Separaten Keller.

PROPERTIES OF LUXEMBOURG bitt exklusiv qualitativ héichwäerteg Immobilien zu Lëtzebuerg an am Ausland, dëst mat engem Service deen den héchste internationale Standarden entspriechen.

Besicht eis op: www.propertiesofluxembourg.lu

D’Agencenkommissioun ass vum Locataire ze bezuelen a beleeft sech op 1 Mount Loyer + 17% TVA