VILLA, Quartier des Salins / St-Tropez / Frankräich

Locatioun, Europe

D’AGENCE IMMOBILIERE SATTI, SAINT-TROPEZ présentéiert en Exklusivitéit:

Vakanzenlocatioun:

Zäitgenëssesch Villa, mat enger Fläch vun ongeféier 350 m2, ee puer Minutten zu Fouss eweg vun derberühmter Plage des Salins.

Gebaut op zwee Niveauen, besteet d’Haus um Rez-de-Chaussée aus engem groussen Aganksberäich, engem groussen Wunn- / Iesszëmmer mat oppe Kichen an Ilôt Central, dräi Schloofkummeren mat dräi Buedzëmmer, eng Wäschzëmmer a Gaaschttoilette.

Uewenopp ass ee Büro an zwou Schlofkummeren mat 2 Buedzëmmer; dorënner ee Master Bedroom deen eng grouss Terrass mat Vue op d’Schwämm, d’Wäinriewen an d’Ëmgéigend mat den typeschen Pins Parasols huet.

Op dem Terrain vun 30 Ares sinn e puer aménagéierten Terrassen, een Summer Kichen Beräich, Schwämm, Pool-Haus souwéi een aménagéierten Gaart an och Parkplazen.

Des exceptionnel Propriétéit ass exzellent équipéiert an huet eng originell a raffinéiert Bannenariichtung.

Et ass déi ideal Plaz fir eng onvergiesslech Vakanz op der herrlecher Hallefinsel vu Saint-Tropez.

Equipement:

Sécuriséiert Garage fir zwee Autoën, Klimaanlag, Wifi, Televisioun, Sonos System, Alarm, Safe.

Servicer mat abegraff:

Dräi mool-wöchentlech Botzen, Bettwäsch, Pool Handdicher.

Locatiouns Präisser:

D’Präisser fir d’Saison 2022 sinn wéi follegt:

Juni a September: 20.000 € pro Woch
Juli an August: € 28.000 pro Woch

Präisser enthalen eng Agencen Kommissioun 20% inkl.
12 Stonne Botzen pro Woch sinn am Präis abegraff
D’Touristesteier an d’Botzen zum Schluss vum Séjour sinn zousätzlech ze bezuelen.

Kautioun vun € 10.000.

Kontakt:

Mme Christine Blanc

Tél : + 33 (0)4 94 97 10 67
Port : +33 (0)6 84 84 62 31
e-mail : info@agencesatti.com
site : www.agencesatti.com

AGENCE IMMOBILIÈRE SATTI
54 boulevard Louis Blanc
83990 SAINT-TROPEZ